A Virtual Concert Featuring Zero Point Five
Benefitting the Luxembourg American Cultural Society
Help the LACS bring more programming like this to our members by donating today!
About the Band:
Zero Point Five is one of the most played bands on Luxembourg national television and radio stations. This high-energy act boasts an instrument repertoire including everything from banjos and mandolins to guitars and fiddles. Their sound can be described as an explosion of musical flavors: pop, folk, Celtic and country with a Luxembourg twist; their music having been compared to Mumford and Sons and the Zac Brown band.
Four members of Zero Point Five performed a 45-minute playlist of original music as well as traditional Luxembourgish songs that have been lovingly passed down through the generations. Songs were performed in a mix of English and Luxembourgish.
Lyrics for the Traditional Luxembourg Songs:
De Feierwon dén as bereet,
E päift durch d’Loft a fort e geet,
Am Dauschen iwer d’Stroos vun Eisen,
An hie geet stolz den Noper weisen,
Dat mir nun och de Wee hu fond,
Zum éiweg grousse Völkerbond,
Kommt hier aus Frankräich, Belgie, Preisen,
Mir wellen iech ons Hémecht weisen,
Frot dir no alle Säiten hin,
Mir welle bleiwe wat mir sin.
Frot dir no alle Säiten hin,
Mir welle bleiwe wat mir sin.
D’Natur, déi laacht ons iwerall,
Si rëscht de Biereg an den Dall
Mat Fielse wéi gewalteg Riesen,
Stret Blummen iwer Gart a Wisen:
Ké Keppchen Ierd, wou Halm a Räis
Net riede vun dem eise Fläiß
Kommt hier aus Frankräich, Belgie, Preisen,
Mir wellen iech ons Hémecht weisen,
Frot dir no alle Säiten hin,
Mir welle bleiwe wat mir sin.
Frot dir no alle Säiten hin,
Mir welle bleiwe wat mir sin.
An huet dir dann de Wäert erkannt
Vun onsem Lëtzebuerger Land,
An dir musst fort rem vun éis goen,
Da kennt dir an der Heemecht soen:
‘t ass d’Gréisst net graad, déi d’Glëck bedeit,
Well an deem Land si glecklech Leit!
Kommt hier aus Frankräich, Belgie, Preisen,
Mir wellen iech ons Hémecht weisen,
Frot dir no alle Säiten hin,
Mir welle bleiwe wat mir sin.
Frot dir no alle Säiten hin,
Mir welle bleiwe wat mir sin.
Et wuessen an de frieme Länner, vill schwéier Wäiner, rout a wäiss,
si si gesicht vu ville Kenner, vum Rhäin bis déi Säit vu Paräis.
Ech hale mech un d’Muselblimmchen, dat ass de Wéngche fir onst Land,
et geet deem Jonktem wei dem Eimchen, wann si en drénke mat Verstand.
REFRAIN:
Kättche, Kättche, breng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei, wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t’ass en Drank fir Brosch a Been.
Kättche, Kättche, bréng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t’ass en Dronk fir Brosch a Been.
Ob dir bedréift sitt oder lëschteg, en deet seng Flicht zu jidder Stonn.
En ass vun heem aus fromm a chrëschtlech, e huet de Seege vun der Sonn.
Bleiwt him ewech mam Zockerwaasser, e brauch net mei gedeeft ze ginn.
E séngt mam Lentz fir net ze spaassen: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn!
REFRAIN:
Kättche, Kättche, breng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei, wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t’ass en Drank fir Brosch a Been.
Kättche, Kättche, bréng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t’ass en Dronk fir Brosch a Been.
Wou kennt dir nach e Wéngche fannen, esou gemittlech a sou frësch,
et gett een sou liicht dervun heibannen, dir gitt gesond ewéi e Fësch.
Vill Wäiner maache d’Leit wei rosen, d’Gesichter glouse wéi eng Schmelz.
Mee dat muss een dem Misler loossen, hie suergt datt’s du de Kapp behälls
REFRAIN:
Kättche, Kättche, breng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei, wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t’ass en Drank fir Brosch a Been.
Kättche, Kättche, bréng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t’ass en Dronk fir Brosch a Been.
Wéi meng Mamm nach huet gesponnen,
an ech bei dem Riedche souz.
Dun huet lauter séileg Stonnen
D’Fred mir bruecht an hirem Schouss.
A wéi schéin déi golden Dreem
an der Kannerzeit doheem.
Wéi meng Mamm nach huet gesponnen.
Wéi meng Mamm nach huet gesponnen,
Wat hat ech dun d’Mënsche gier;
Ech hunn net verstoe konnen,
Dat e Béisen drënner wier.
Voll Vertraue wor mein Hierz,
Ech wosst näischt vun Tréin a Schmierz.
Wéi meng Mamm nach huet gesponnen.
Zanter ass meng Mamm gesponnen,
An um Spaicher d’Riedche steet,
Si meng golden Dreem verschwonnen,
An ech wêss vun Tréin a Leed.
Gott, wann ech nach emol séiss
Bei dem Riedchen hir zu Féiss!
Wéi meng Mamm nach huet gesponnen.
Zu Arel op der Knippchen,
do sinn di Weiber frou.
Si drénke gär eng Schlippchen,
eng drénkt deer aner zou.
Refrain:
Bërëléng, léng, tirelireléng,
bërëléng, léng, tirelireléng,
eng drénkt deer aner zou,
eng drénkt deer aner zou.
Déi eng hellt hire Mantel
a schläicht verbuergen heem,
si geet an d’Bett sech leeën,
klot iwwer Aarm a Been
Refrain:
Bërëléng, léng, tirelireléng,
bërëléng, léng, tirelireléng,
klot iwwer Aarm a Been,
klot iwwer Aarm a Been.
A wéi de Mann ereemkoum,
freet hien: “Wou ass mäi Waib?”
„Si läit am Bett douewen,
huet wéi an enger Träip.”
Refrain:
Bërëléng, léng, tirelireléng,
bërëléng, léng, tirelireléng,
huet wéi an enger Träip,
huet wéi an enger Träip.
De Mann, dee rennt op d’Kummer,
setzt sech bei d’Bett op d’Bänk.
“O du meng arem Frächen,
wat feelt der, bass de krank?”
Refrain:
Bërëléng, léng, tirelireléng,
bërëléng, léng, tirelireléng,
wat feelt der, bass de krank?,
wat feelt der, bass de krank?
„Ech hunn deréinscht ganz warem
vum kale Buer gedronk,
hätt ech eng Schlippchen, Alen,
wär ech erëm em Spronk!”
Refrain:
Bërëléng, léng, tirelireléng,
bërëléng, léng, tirelireléng,
wär ech erëm em Spronk!,
wär ech erëm em Spronk!
Gläich ass de Mann bekömmert:
„Hei Mod, schwenk du e Glas!
An huel déi zënne Kännchen
an zap vum beschte Faass!”
Refrain:
Bërëléng, léng, tirelireléng,
bërëléng, léng, tirelireléng,
an zap vum beschte Faass!,
an zap vum beschte Faass!
Wéi si de Wäi gedronken,
dréit si sech ëm a laacht:
”Esou kann een déi Männer
beduxen, datt et kraacht!”
Refrain:
Bërëléng, léng, tirelireléng,
bërëléng, léng, tirelireléng,
beduxen, datt et kraacht!,
beduxen, datt et kraacht!
‘T as Kiirmesdag an eng Gei jéngt muerges an der Gaass,
‘T jäitzt eng Clarnett an ‘t brommt eng schaddreg Baass,
An d’Hämmel gin derbei mat Bänn a Flettschen un,
Blénkeg zënne Plettlen an der Rei sin hannendrun,
Sin hannendrun;
An d’Kanner loossen hire Kaffi ston
Fir deene schéinen Hämmel nozegon
Wou d’Musek as, déi spillt sou lëschteg d’Gaassen an,
Fir bei all grouss Hären an der Stad hir Ronn ze man,
Hir Ronn ze man.
Sponsored By:
Click on the links below to listen to more music from Zero Point Five: